Loading...

een documentaire vum tessy troes

UM BALL

“Um Ball” erzielt d’Geschicht vun de Fraen, déi zu Lëtzebuerg Fussball spillen. Oft op eng witzeg Aart a Weis, munchmol tragesch fanne si hir eege Weeër fir kënnen Bäll ze kicken.Déi éischt 50 Joer Fraefussball féieren eis vu Kouwissen hin zu engem ausverkaftene Stadion an England, wou eis Nationalekipp géint d’Heemechtsland vum Fussball spillt.

AM KINO

08.02 | 20h00 | Kulturhuef Grevenmacher
08.03 | Centre Culturel Colmar-Berg
09.03 | Ciné Le Paris, Bettembourg
13.03 | Steinfort (place à determiner)

historeschen iwwerbléck

  1. Eischte Veräin gëtt gegrënnt

    Am September 1970 ass et souwäit: den éischten Training vun enger Lëtzebuergescher Dammenekipp fënnt zu Bissen un der Atert statt. Ee Joer drop, den 21. Oktober 1971 spille si virun 1.500 Leit hiren éischte Match géint eng Lëtzebuerger Ekipp, den FC The Belval Belvaux.

  2. Eischt Nationalekipp

    1987 gëtt et – op Dränge vun de Spillerinnen – de Versuch eng Nationalekipp ze grënnen. Als Selektioun spillen si zwee Matcher. Et sollt 15 Joer daueren, bis eng Nationalekipp gegrënnt gëtt.

  3. Championnat relancéiert

    Ëmmer méi Veräiner dinn sech zesummen, esou datt d’FLF decidéiert e Championnat ze lancéieren. 8 Veräiner huelen um éischte Championnat 1997/1998 deel. Säitdeem gouf et keng Ënnerbréchungen méi.

ASBL ËNNERSTETZEN

Dir kënnt eis Aarbecht mat engem Don ënnerstëtzen. Spenden ginn a weider Produktiounen (DVD, Buch, Filmer) iwwer de Fraefussball gestach.

Konto vun der Une-Deux A.s.b.l. bei der BCEE:
LU12 0019 5855 1368 4000

Ech hunn nach Material vu fréier!

Mir sinn ëmmer op der Sich no Anekdoten, Dokumtenter, Fotoen a Videoen vu fréier! Kontaktéiert eis einfach iwwer unedeuxasbl (at) gmail (dot) com.

Mir hunn och d’Méiglechkeet, VHSen ze digitaliséieren.

DVD kafen

DVDen vum Film wäerten ab Enn 2023 ze kafe sinn. Dir kënnt Iech gären an eiser Newsletter aschreiwen, fir ëmmer um aktuellste Stand ze bleiwen.

UM BALL – 50 JOER FRAEFUSSBALL ZU LËTZEBUERG

regie, recherche a kamera TESSY TROES recherche a produktioun SARAH MULLER
kamera OCEANE MAITRE montage PAUL MAAS
musik PATRICK RIBEIRO sound FELIPE LOAICIGA VLADIMIR POTERUHKA ANNA ZOBOVA

 

mat Ënnerstëtzung vun